Le but principal de l'Association est de faire légitimer la carrière du Technicien diplômé auprès de la fonction publique, ainsi que de soutenir les techniciens auprès du secteur privé.
Historique vun der Technikercarrière
1969: Technikerausbildung ass an den Schoulen ugelaaf
1979: An desem Schoulgesetz kritt den 'Diplôme de Technicien' dei selwecht Rechter wéi den fin d'étude secondaire
1986: Beim ' Härtefall-Gesetz ' ass d'Carrière vum Techniker beim Staat gesetzlech verankert gin
1986: De Minister vum Environnement huet e Projet de Réglement Grand-Ducal (P.R.G.D.) un de Minister vun der Fonction Publique geriicht fir des Carrière anzeféieren
1987: De Minister vun Ponts et Chaussées huet e P.R.G.D. un de Minister vun der Fonction Publique geriicht fir des Carrière anzeféieren
1987: Direktioun vum Bâtiments Publics huet en P.R.G.D. un de Conseil des Ministres geriicht fir des Carrière anzeféieren
1987: De Minister Marc Fischbach (Fonction Publique) huet en Projet de Réglement Grand-Ducal iwert d'Admissioun, d'Nominatioun etc. fir d'Carrière vum Techniker gemâch, matt dem Vermierk: à remarquer que ce projet devra bénéficier de la procédure d'urgence
1987: Direktioun vun der Post huet en P.R.G.D. un de Finanzminister Jacques SANTER geriicht fir dess Carrière endlech anzeféieren
1990: Och desst Schoulgesetz erkennt den 'Diplôme de Technicien' un
1990: De Minister Marc Fischbach bild eng Comissioun fir Technikercarrière endlech anzeféieren
1994: Direktioun vun der Post erstellt e Projet de Réglement Grand-Ducal, wou matt Nodrock Technikercarrière an deser Entreprise verlangt gëtt
1994: Desen Projet de Réglement Grand-Ducal kennt vum Fonktiounsminister Fernand Boden erem, eneranerem wéinst dem Problém vun der Technikercarrière
1994: Entrevue mam Fonktiounsminister Fernand Boden
1995: Entrevue mam Fonktiounsminister Michel Wolter
1996: Bespriechungen am Ministerrot ... alles bis elo ouni Resultat
1997: Parlamentarësch Ufro mat Débat den 24. Abrël mat entäuschendem Resultat (-> Archives)
1998: Ufank Juni sollt e projet de loi ausgeschafft sin an duerno soll no Aussoën vum Här Colas endlech eng Décisioun am Ministerrot fällëg sin. Eng Nofro beim Här Colas Enn November huet erbruecht dat den Dossier (wiens zeviller Aarbecht virun de Wahlen d'nächst Joër !!!) nach ëmmer nët bis bei de Minister komm as!?
1999: De juristesche Wee gët elo definitif ageschloën - Eng Plainte um Aarbechtsgericht get vun iwwer 70 beim Staat betraffen Techniker agereecht.
2001: Eng Plainte op Schuedenersatz beim Zivilgeriicht get agereecht - wéins e délai non résonnable säitens der Fonction Publique wéins der Emsetzung vum Gesetzestext vu 1986.
2002: De 25. Februar soll d'Urteel geschwaat gin. Et get awer nach verluegt, well d'Gericht nach präzis Donnéen iwert de Sträitwert brauch...
2003: Emmer erem soll d'Urteel geschwaat gin a get awer emmer erem verluegt.... Mir waarden a wellen net mat Zeitungsartikel beaflossen...
2004: Endlech get am Abrel en Urteel geschwaat: Negatif fir d'ANTD!! Mir mussen d'ganz Käschte bezuelen. Haaptargument vum Gericht: de 'pourront être crées' am Gesetzestext get nit automatesch en 'vont être crées' ... Mir iwwerléen wat elo machen...